
Dat hat zejoert den europäesche Geriichtshaff esou decidéiert. Zanterhier gouf sech am Familljeministère a bei der Zukunftskeess Gedanken doriwwer gemaach, wéi een dee Problem kéint léisen an elo gouf dann och déi zoustänneg Chamberkommissioun mat an dësen Denkprozess mat agebonnen. Dat virop, fir um Enn eng méiglechst breet Zoustëmmung fir dëst Gesetz ze kréien.
An dowéinst geet een dann hei och een éischter ongewinnte Wee, andeems d'Deputéiert vun der zoustänneger Chamberkommissioun scho mat an d'Boot geholl gi sinn, ier et iwwerhaapt en Text fir e Gesetzesprojet gëtt. De President vun der Familljen- an Integratiounskommissioun vun der Chamber, Max Hahn:
„Mir sinn de Moment an engem Stadium, deen et normalerweis guer net gëtt. Dat heescht mir sinn am Stadium, dee seet, léif Chamberkommissiounsmemberen sot eis emol, wéi dir dee Probleem géift léisen. Well fir en net ze léisen, ass keng Optioun an et gi warscheinlech keng 100 Léisungen. Mä wann do elo ee sollt kommen, d'nächst Woch oder d'iwwernächst Woch, wéini mir dann och ëmmer déi nächst Kommissioun souwisou géinge maachen, wou da Léisungsvirschléi kéimen, an da kéimen do gutt Léisungen, déi vläicht anerer Natur wieren, da wier dat super.“
Un der Solutioun, déi d'Familljeministesch an d'Diskussioun bruecht huet, stéiere sech allerdéngs nach e puer Deputéiert, notamment déi vun der gréisster Oppositiounspartei. Ma och bei der CSV wëll een awer op e gemeinsamen Nenner kommen, wéi den CSV-Deputéierte Marc Spautz erkläert.
„Wou mir e bëssen de Bauch wéi hunn, dat ass, datt et net méi soll d'Droit vum Kand sinn. Dat ass fir eis nach ëmmer e Punkt, dee misst berécksiichtegt ginn, mä ech wëll awer soen, et muss een elo gemeinsam kucken, fir eng Solutioun ze fannen. Mir sinn elo emol nach gespaant op all déi Argumenter, déi och nach vun deenen anere Kolleege kommen. De Moien [Mëttwoch] waren och nach ausserhalb vun der Regierungssäit deen een oder deen aner interessante Virschlag do an dofir soll een och oppen iwwert dat Ganzt diskutéieren an dann hoffen ech, dass mir eng Léisung fannen am Interêt vun alleguer de Versécherten.“
Dem Max Hahn no wier kee super frou mat där Léisung, fir d'Recht op Kannergeld vun de Kanner op den zoustännegen affiliéierten Erwuessenen z'iwwerdroen, ma bis ewell schéngt dat awer déi eenzeg EU-konform Solutioun ze sinn, déi um Dësch läit. An den nächste Woche wäerten d'Deputéiert vun der Chamberkommissioun weider iwwert deen dach ganz technesche Sujet diskutéieren, fir dass d'Familljeministesch herno en Text ka presentéieren, dee méiglechst breet Zoustëmmung an der Chamber wäert kréien.