Retard bei Questions parlementairesChamber muss am Summer dacks laang op Äntwerte waarden

Maxime Gillen
Dass an der Vakanz hei am Land alles méi lues leeft, ass bekannt. Ma grad bei de Ministèrë schéngt een et am Summer nawell ganz roueg dréinen ze loossen.

Ee Beispill dofir sinn déi parlamentaresch Froen, déi Deputéiert de Ministere kënne stellen. Dës musse bannent engem Mount beäntwert sinn. En Delai, deen d’Beamten am Summer wéi et schéngt net ganz esou eescht huelen.

Retard bei Questions parlementaires / Rep. Maxime Gillen

Aktuell ginn et eng 50 Questions parlementaires, déi net bannent de virgeschriwwene 4 Woche beäntwert goufen. Allgemeng ginn ewell vill méi parlamentaresch Froe gestallt, wéi nach virun e puer Joer. Konkret huet sech d’Zuel bannent de leschte 4 Joer verduebelt. Eleng am leschte Joer goufen eng 1.600 Froe gestallt. Kaum verwonnerlech also, dass effektiv emol e puer Äntwerten op sech waarde loossen. Bei der Chamber hält een awer op d’Anhale vun den Delaien, wéi de Chamberspresident Fernand Etgen betount.

“Et ass en elementaart Recht vum Deputéierte fir parlamentaresch Froen ze stellen. Dat gehéiert zur Kontrollfunktioun. Eis ass doru geleeën, dass mir dat Instrument net no ënnen zéien. Mir mussen dat opwäerten an dozou gehéiert, dass déi Delaien, déi festgehale sinn am Reglement, respektéiert ginn.”

Déi meeschte Froe komme vun deene méi klenge Parteien an der Oppositioun. Ma den absolutte Spëtzereider mat méi wéi 180 Froe bannent dem leschte Joer, ass de Piraten-Deputéierte Marc Goergen. Wéi laang een op eng Äntwert waart, géif vill vum Minister a vun der gestallter Fro ofhänken. Bei wichtege Froen, hunn d’Deputéiert awer nach ee Moyen fir Drock ze maachen.

“Mir ginn awer och hin, wann et eng ganz wichteg Fro ass an et ass eng Plenière, dass mir se dann an der Plenière stellen. D’Reglement seet, dass de Minister op der Plaz muss äntweren an dann huet de Minister et meeschtens méi schwiereg, well et muss ee jo och wëssen, déi meescht Questions parlementaires gi vun de Beamte beäntwert. Wann de Minister selwer muss an der Chamber live onvirbereet äntweren, da sinn do verschiddener, déi kräfteg un d’Tuddele kommen.”

Allgemeng hätt hie jo zwar Versteesdemech dofir, dass och d’Beamten am Summer gären hire Congé huelen, ma d’Ministèrë kéinte sech awer besser organiséieren, esou de Marc Goergen.

“Et misst een awer a verschiddene Ministèren, déi esou gutt opgestallt sinn, wann ee kuckt wéi vill héich Beamten agestallt gi sinn an der Regierung Bettel, dass eigentlech quasi jiddereen ersetzbar misst sinn an dass ëmmer 2, 3 op deene Poste sëtzen, also och Äntwerte misste kommen.”

De Chamberpresident ass iwwerdeems sécher, dass bis virun der éischter Plenière am Oktober quasi alleguer déi fälleg Froe wäerte beäntwert sinn.

Back to Top
CIM LOGO