D’Majoritéitsparteien hunn also decidéiert, dem Verfassungsexpert Luc Heuschling senger Propos nozekommen, fir e Gesetz ze schreiwen, dat u sech scho laang vun der Verfassung virgesinn ass. Dëst soll reegelen, datt de Parquet als neutral Instanz fir d’Instruktioun zoustänneg ass. Esou wär d’Rechtsstaatlechkeet garantéiert, betount déi gréng Fraktiounspresidentin Josée Lorsché. D’Chamber soll duerno vum Parquet eng Propositioun gemaach kréien, ob et a Richtung vun enger Uklo soll goen oder net.
Fir de Risk vu Feeler beim Entworf vun dëser Gesetzespropositioun ze minimiséieren, kritt d’Chamber e Verfassung- a Strofrechtsexpert zur Säit gestallt.
D’Decisioun, fir dëse Wee anzeschloen, ass opgrond vun de Majoritéitsparteie geholl ginn, d’Oppositioun huet sech enthalen. Hei géif Zäit verluer ginn, dat kéim och der fréierer Ëmweltministesch net entgéint, déi jo sot, si wéilt esou séier wéi méiglech gehéiert ginn, seet den adr-Deputéierte Fernand Kartheiser. Den CSV Co-Fraktiounspresident Gilles Roth iwwerdeems freet sech, ob net esouguer bewosst op Zäit gespillt géif ginn, fir e Prozedurfeeler ze provozéieren. Virum Summer kéim dat neit Gesetz souwisou net. D’Josée Lorschée iwwerdeems ënnersträicht, d’Gesetz soll esou séier wéi méiglech entworf ginn, fir datt d’Carole Dieschbourg kéint gehéiert ginn.