
D'Chamber huet e Mëttwoch fir eng Adaptatioun vum Landesplanungsgesetz gestëmmt, iwwert déi d'Akraafttriede vun de sektorielle Pläng soll erméiglecht ginn. Zum Beispill kënnen elo an engem Plan sectoriel Transportinfrastrukturen oder Héichspannungsleitunge verbueden oder u gewësse Krittäre gebonne ginn, esou déi gréng Rapportrice vum Gesetzprojet Semiray Ahmedova.
"Et gëtt am Gesetz och präziséiert, datt e sektorielle Plang virschreiwe kann, datt ënnert verschiddene Konditiounen e PAP nouveau quartier op d'mannst 30% vun der bebauter Wunnfläch muss fir abordabel Wunnenge virgesinn, respektiv Locatiounswunnengen, déi dann och ënnert d'Aide-au-logements-Gesetz géife falen. Heimat schafe mer dann och eng legal Basis fir Dispositiounen, déi am Plan sectoriel logement virgesi sinn. Da gëtt präziséiert wat den Impakt ass vun engem sektorielle Plang op Autorisatiounen, déi schonn ausgeliwwert goufen op Basis vu verschiddenen Artikele vum Naturschutzgesetz."
An da gëtt mat der Adaptatioun vum Landesplanungsgesetz och d'Méiglechkeet ginn, dass de Staat territorial Zesummenaarbechtskonventioune mat eenzele Gemengen ënnerschreift.