
D’Chambre des Métiers fuerdert an hirem Avis iwwert dat neit Covid-Gesetz d’Regierung op, “seriö” iwwert eng Impfflicht nozedenken. Déi nei Mesurë ginn allgemeng begréisst, mä d’Handwierkerkummer freet sech awer, ob den 2G an der Fräizäit an den obligatoresche CovidCheck op der Aarbecht net ze “zaghaft” sinn an der aktueller Situatioun.
Duerch déi net wierklech positiv Evolutioun vun der Pandemie an déi nei Omikron-Variant, déi am Ëmlaf ass, stellt d’Chambre des Métiers sech eng kloer Fro:
Ob et net no 21 Méint no all de Konsequenzen um sanitären Niveau, ekonomeschen, sozialen... fir déi Jonk an d’Gesellschaft insgesamt eng Impfflicht anzeféieren. Et wier eng generell a kloer Léisung, sou de Generaldirekter Tom Wirion.
Den 2G an der Fräizäit an den obligatoresche CovidCheck op der Aarbecht wiere jo och mat de Sozialpartner diskutéiert a negociéiert ginn, wat d’Handwierkerkummer och begréisst. Et bedauert een allerdéngs, datt d’Betriber net wierklech vill Zäit hunn, fir sech ze preparéieren. Den Tom Wirion nennt als Beispill de Bausecteur: Dee jo en plus dezentraliséiert schafft, bei de Leit oder um Chantier. Do fänkt de Congé collectif elo u bis de 5. Januar. Dat ass net evident z’organiséieren. Mä d’Betriber hu schonn aner Saachen hikritt déi lescht 20 Méint a wäerten et och kënnen en place setzen, mä einfach ass et net.
Virun allem fir d’kleng a Mëttelbetriber kéint et schwiereg ginn: Wann der 8 Leit hutt an dann deen een oder aneren, deen net geimpft ass, kënnt der Är Obligatioune vis-à-vis vum Client net garantéieren. Et ass schonn eng Desorganisatioun, déi potentiell méiglech ass. An da kënnt dobäi, datt dat immens vill Aarbecht ass a mer eng Pénurie de mains d’oevures qualifiés hunn.
Et wier een nach laang net duerch d’Kris an dofir dierft eng Impfflicht keen Tabuthema méi sinn.