
Zënter Enn 2016 funktionéiert um Kierchbierg d'House of Entrepreneurship vun der Chambre de Commerce. Zu de Partner, déi eng Permanence am Entrepreneur-haus assuréieren, gehéiert neierdéngs och d'Chambre des métiers.
D'Partenariat leeft ënnert dem Numm "House of Entrepreneurship powered by Chambre of Commerce".
Jo, dat Ganzt hätt bëssen e komplizéierten Numm, gëtt den neie President vun der Chambre de Commerce Luc Frieden zou. An einfache Wierder soll d'House of Entrepreneurship eng zentral Ulafplaz fir d'Entrepreneure sinn, elo dann och fir d'Handwierk. Mat der Handwierkerkummer gouf zwar schonn an der Vergaangenheet enk zesummegeschafft, ma de permanente Büro mat zwéi Conseilleren ass awer nei, hir Aufgab ass et ze beroden an administrativ Demarchë méi einfach ze maachen.
Éischtens behaapten ech, datt d'Chambre des métiers eng Plus-value ass fir d'House of Entrepreneurship, well mer am Handwierk vill Froen hunn, déi aner Betriber kënne concernéieren. Mä ech mengen, datt och d'Handwierksbetriber vun den Zerwisser vum House of Entrepreneurship am allgemenge profitéieren, sou den Tom Oberweis, President vun der Chambre des Métiers, hie geet vun engem grousse Succès aus.
Ronn 25 Partner hu Büroen am Entrepreneur-haus, och de Mëttelstandsministère ass vertrueden a wëll déi Präsenz ausbauen, dat huet de Minister Lex Delles annoncéiert.
2 an een halleft Joer funktionéiert elo déi nach jonk Plattform. D'Zuelen, déi notéiert ginn, wieren impressionnant, fënnt de Luc Frieden. Am Schnëtt sinn et 9.200 Leit déi pro Joer dohinner fannen an da gouf et nach gutt 15.000 Telefonskontakter.
Wann d'Chambre de Commerce an d'Handwierkerkummer un engem Dësch sëtzt, bitt sech natierlech déi éiweg Fro vun enger Fusioun un. Fir de Luc Frieden ass dat allerdéngs keen Aktualitéitssujet. Dat Wichtegst wär, datt ee géing enk zesummeschaffen.
D'Konventioun, déi e Freideg ënnerschriwwe gouf, reit sech op alle Fall an an déi viséiert verdéiften Zesummenaarbecht an.