
Donieft koum den ugeklote fréiere Srel-Agent selwer zu Wuert, dee sech zum Enn vun der Sëtzung entschëllegt huet.
D'Haaptfaiten, déi him reprochéiert ginn, ginn op den Zäitraum vun 2007 bis 2009 zréck. An der Haaptsaach gëtt dem Ex-Geheimdéngschtmann virgehäit, ronn 140.000 € ënnerschloen ze hunn aus dem Verkaf vu 4 Luxusautoen, déi dem SREL gehéiert haten.
Dëse Prozess geet en Donneschdeg virun a kéint dann och ofgeschloss ginn.