
De Charel Schmit léist domat de René Schlechter op sengem Posten of, deem säi Mandat Enn dëst Joer ausleeft.
Duerch e Gesetz vun Abrëll ass de fréieren ORK an elo OKaJu un d'Chamber rattachéiert ginn a krut eegent Personal, dat 2021 soll ausgebaut ginn.
De Charel Schmit ass geléierten Enseignant an zanter Februar dëst Joer hallef beim Justiz an hallef beim Educatiounsministère engagéiert. Hei leet hien de Projet fir eng Reform auszeschaffen, fir de Kannerschutz an de Justizsystem fir Kanner.
Den 48 Joer ale Papp vun 3 Kanner ass zanter Joren a verschiddenen Associatiounen engagéiert. Ënnert anerem ass hien zanter 2006 bei der Caritas engagéiert, wou hien zanter 2011 och Member vum Conseil de gouvernance ass. 2003 war hien iwwerdeems als Vertrieder vum Jugendrot Matbegrënner vun der Nationaler Koalitioun fir d'Rechter vum Kand.