Et kann ee schonn emol verzweiwelen, wann een eng Diskussioun mat engem Chatbot féiert, grad wann een eng Reklamatioun zu engem Produit oder enger Liwwerung huet. En Chatbot ass e Softwareprogramm, deen drop programméiert ass, fir mam User eng Konversatioun ze féieren. D’Aufgab vum Chatbot ass et, fir Froen ze beäntweren, Informatioune weiderzeginn an Aufgaben automatiséiert duerchzeféieren, ouni dat e weidere Mënsch involvéiert ass. D’Chatbote benotze entweder virdefinéiert Skipten oder kënschtlech Intelligenz.
Wann d’Äntwerten op der anerer Säit einfach sinn, seele variéieren a sech och nach widderhuelen, esou ass d’Chance grouss, datt ee mat engem Chatbot schreift. D’Grammatik an och d’Syntax vun de Bots sinn u sech gutt an hir Ausdrocksforme si meeschtens formell an héiflech. Et ginn awer och KI-Chatbotten, déi fortschrëttlech Algorithmen notzen, fir esou op all méiglech Froen eng Äntwert ze generéieren.
Fir awer erauszefannen, ob ee mat engem Chatbot schreift, kann een och Bot-Checking-Tools notzen, déi engem dat soen oder d’Profil- an d’Konteninformatioune vun der Säit, op där een ënnerwee ass, iwwerpréiwen. Wichteg ass awer och hei, datt een dem Chatbot keng perséinlech oder sensibel Informatioune soll ginn.