
Géint 3:15 Auer e Freidegmoien huet eng Patrull vun der Police zu Stroossen e Gefier ugehalen, dat mat ze héijer Vitess ënnerwee war.
Géint 6:20 Auer krut d'Police dann e Chauffer gemellt, deen an der Route de Neudorf zu Weimeschkierch an e geparkte Gefier gerannt war, an deem säi Chauffer hannert dem Steier ageschlof wier. Eng Patrull vun der Police ass op d'Plaz gefuer an d'Beamten hunn de Chauffer erwächt. De Mann huet däitlech alkoholiséiert gewierkt. Den Alkoholtest war dann och positiv an de Permis gouf agezunn.