
Wéi eng Patrull vun der Police de Won doropshi gestoppt huet, hat de Bäifuerer versicht fortzelafen. D’Beamte konnten hien awer stoppen. Si hu Cannabis a Kokain bei him séchergestallt.
Am Laf vun der Kontroll huet sech ausserdeem erausgestallt, dass e Fuerverbuet géint de Chauffer vum Auto virlouch. Ausserdeem war de Contrôle technique vum Auto ofgelaf an d’Gefier huet eng ganz Partie technesch Mängel opgewisen. De Won gouf doropshin immobiliséiert. D’Droge vum Bäifuerer goufen op Uerder vum Parquet saiséiert.
Um 19 Auer e Sonndeg den Owend war enger Patrull vun der Police dann eng Automobilistin zu Capellen wéinst hirem Fuerstil opgefall. Den Alkoholtest war positiv an et gouf e Fuerverbuet verhaangen.