
Zu Ierpeldeng bei Dikrech gouf der Police e Freideg géint 18.30 Auer en Accident op der Opfaart op d’B7 gemellt. Éischten Erkenntnisser no soll de Mann an enger Rietskéier d’Kontroll iwwert d’Gefier verluer hunn an du géint e Luuchtepotto, zwee Schëlder an eng Leitplank gerannt sinn. De Chauffer gouf liicht blesséiert. Säin Alkoholtest war positiv, dowéinst gouf de Permis agezunn. Donieft gouf et nach e Protokoll.
E weideren Accident gouf et um Boulevard J.F. Kennedy zu Käerjeng. Um 21.30 Auer ass eng Persoun géint eng Ofspärung gefuer an huet sech doropshin aus dem Stëbs gemaach. Kuerz dorop huet sech den Automobilist bei der Police gemellt an zouginn, Alkohol gedronk ze hunn. D’Resultat vum Test war deemno positiv. Och hie war säi Fürerschäi lass.
An der Nuecht op e Samschdeg ass e Gefier op der N7 zu Houschent aus bis ewell nach opgekläerte Grënn accidentéiert. De liicht blesséierte Chauffer hat schonn e provisorescht Fuerverbuet. Och hei ass den Alkoholtest positiv ausgefall. De Chauffer huet de Permis missen ofginn a gouf protokolléiert.
E Samschdeg am Nomëtteg ëm kuerz viru 16 Auer ass an der Stad iwwerdeems en Accident geschitt, bei dem eng Persoun blesséiert gouf. E Moto an en Auto waren op der Route d’Esch a Richtung Rue de Hollerich net laanschtenee komm.