Trotz Fuerverbuet ënnerweeChauffer mat 209 km/h op Tréierer Autobunn geblëtzt

RTL Lëtzebuerg
Amplaz den erlaabten 130 Stonnekilometer gouf een Automobilist mat iwwer 200 vun der Police erwëscht.

E Freideg de Moie gouf eng Vitesskontroll op der A1 kuerz virun der Fligerbréck a Richtung Stad duerchgefouert. Dobäi ass de Beamten ee Gefier besonnesch negativ opgefall. De Chauffer gouf mat 209 km/h geblëtzt. Wéi sech op der Plaz erausgestallt huet, huet hie sech trotz Fuerverbuet hannert d’Steier gesat. D’Gefier gouf saiséiert an e Protokoll ausgestallt.

Back to Top
CIM LOGO