CGDISChauffer mat Quad gefall, Motocyclist gefall an Auto géint Bam

RTL Lëtzebuerg
Zu Bäerbuerg ass en Donneschdeg den Owend géint 20 Auer ee Quad verongléckt. Eng Persoun gouf blesséiert.

Op der Plaz waren d'Ambulanz vu Mäertert an de Samu aus der Stad, souwéi d'Rettungsdéngschter vu Manternach a Gréiwemaacher-Mäertert.

Kuerz no 19 Auer war um Tossebierg zu Mamer ee Motocyclist mat senger Maschinn gefall. Och hei gouf eng Persoun verwonnt. Am Asaz waren d'Rettungsdéngschter vu Mamer a Bartreng.

E Freideg de Moien ass géint 7.35 Auer Eeschweller (Café Halte) en Automobilist mat sengem Gefier an e Bam gerannt. 1 Persoun gouf blesséiert. D'Pompjeeën aus dem Kiischpelt a vu Wolz, d'Ambulanz vu Wolz an de Samu waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO