Aus dem PolicebulletinChauffer mécht Morddrounge géint Beamten a kënnt an d'Ausniichterungszell

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend gouf zu Wolz een Auto gepëtzt, dee laanscht eng Policepatrull gejauft war.

Den Auto, an deem dräi Leit souzen, gouf ugehalen a kontrolléiert. Wärend d’Bäifuerer roueg waren, ass de Chauffer de Poliziste séier negativ opgefall. E puermol gouf ugesat, en Alkoholtest bei him ze maachen, mee de Chauffer konnt oder wollt net kooperéieren.

Nach wärend d’Beamte mat him beschäftegt waren, huet de Chauffer op eemol decidéiert, datt et him duergeet - hien huet sech an den Auto gesat a wollt fortfueren. Wou d’Polizisten hien dovunner ofgehalen hunn, goufe si schwéier beleidegt. Et gouf hinne mat Gewalt a souguer Mord gedreet. De Mann ass handgräiflech géint ee Polizist ginn, andeems en hien e puermol gestouss huet. Mat e bësse Verstäerkung konnt de rosene Chauffer dunn awer schliisslech immobiliséiert ginn.

Ma och um Wee fir op de Policebüro wollt sech den alkoholiséierte Mann net berouegen. Duerno am Spidol ass et weidergaange mat Gebläers, Beleidegungen a Menacen. D’Beamten hunn de Mann schliisslech matgeholl an an de Passagearrest bruecht.

Well hien ënner Alkoholafloss gefuer war, krut de Mann de Fürerschäin ofgeholl an et gouf ee provisorescht Fuerverbuet géint hien ausgeschwat. Wéinst der Rebellioun géint Beamten, Menacen, Beleidegungen a Schied um Policewon gouf och nach eng Plainte géint de Mann gemaach. Ee Polizist gouf beim Asaz liicht blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO