Tëscht Leideleng an ZéissengChauffer no Accident ënner Alkoholafloss a Passagearrest

RTL Lëtzebuerg
No enger Kollisioun zu Leideleng huet den alkoholiséierte Chauffer, dee responsabel fir d'Accident ass, sech net gepackt a koum mat op de Policebüro.
© RTL

An der Zéissenger Strooss tëscht Leideleng an Zéisseng war engem Automobilist op der Héicht vum Reitstall en aneren Auto op senger Fuerbunn entgéint. Beim Versuch auszewäichen, kruten déi zwee Gefierer sech ze paken a goufen op d’Feld niewendru geschleidert.

Bei der Kontroll vun de Chaufferen, huet den Automobilist, dee fir d’Accident responsabel ass, en Alkoholtest refuséiert an huet sech ëmmer rëm géint d’Uerdere vun de Beamte gewiert. Well de Mann sech net berouege gelooss huet, gouf hie vun de Poliziste matgeholl a koum an de Passagearrest. Doriwwer eraus gouf e provisorescht Fuerverbuet géint hien erlooss an de Permis gouf agezunn.

D’Bäifuererin vum éischten Auto koum no enger éischter medezinescher Versuergung an d’Spidol. D’Chauffere goufen net blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO