Déi huet Feier gefaangen. D'Gefier ass lénker Hand 5 Meter an d'Déift gefall. Wéi d'Police op d'Plaz koum, war just nach d'Bäifuererin do, déi liicht blesséiert gouf.
Bei weideren Ermëttlungen huet een erausfonnt, datt e Mann hannert dem Steier souz, dee guer net hätt dierfe fueren.
Op Uerder vum Parquet gouf den Auto saiséiert.
En Donneschdeg géint 17.50 Auer ass zu Rodange an der Rue de Romains e Cyclist verwonnt ginn. De Vëlosfuerer war a Richtung Rodange ënnerwee, wéi op eemol d'Dier vun engem Auto opgaangen ass. De Cyclist ass an d'Dier gerannt an ass mam Kapp op de Buedem gefall. Hien ass direkt an d'Spidol bruecht ginn, ass éischten Informatiounen no awer net liewensgeféierlech blesséiert ginn. D'Spueresécherung war och op der Plaz. Um Vëlo waren net déi néideg Luucht a Reflekteren installéiert.
Weider Informatiounen iwwer d'Sécherheet am Stroosseverkéier fannt Dir hei: https://police.public.lu/fr/espace-usagers-route/securite-routiere/visibilite.html.