
De Chauffeur vun der a Frankräich immatrikuléierter Camionnette huet sech direkt nom Accident mam Camion zu Fouss aus dem Stëbs gemaach. Bei der Sich vun der Police, wou och Hënn an den Asaz koumen, konnt de Mann net fonnt ginn.
Persounen, deenen e Freideg de Moien e Mann zu Flatzbuer oder Ëmgéigend (Wolwen-Kietscht, Pärel, Rombech a Maartel) opgefall ass oder dëse souguer mam Auto kéinte matgeholl hunn, solle sech bei der Police Dikrech/Veianen um 244-801000 oder um 113 mellen.
D'Police betount, dass an der Géigend kee mam Auto soll matgeholl ginn an d'Police z'informéieren, wann engem eng Persoun géif opfalen.