Accidentéierte SAMUChauffeur soll nach a Proufzäit vum Permis gewiescht sinn

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Wort schreift, hätt de Chauffer vum accidentéierte SAMU eréischt zanter engem Mount e Führerschäin gehat.

De Chauffer vum accidentéierte SAMU leschte Weekend soll nach a senger Proufzäit vum Führerschäi gewiescht sinn, heescht et e Samschdeg am Wort. Bei engem schwéieren Autosaccident tëscht Miersch an Angelsbierg um Ouschtersonndeg war eent vun den accidentéierte Gefierer e Won vum SAMU.

Dësen ass hannert enger Ambulanz gefuer, déi e blesséiert Kand mat bloe Luuchten an d’Kannerklinik bruecht huet. De Chauffer vum SAMU hat an enger Lénkskéier d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer. Wéi d’Wort schreift, hätt de Chauffer vum Samu, eréischt zanter engem Mount iwwerhaapt e Führerschäin gehat.

Vun offizieller Säit gëtt bis ewell just dorop verwisen, dass eng Enquête leeft fir erauszefannen, wie Schold um Accident war.

Back to Top
CIM LOGO