
De Freideg den Owend géint 19.10 Auer gouf zu Dikrech an der Rue Clairefontaine eng Persoun ugestouss, déi grad eréischt aus hirem laanscht d'Strooss geparkten Auto geklomme war. De schëllegen Automobilist, deen an engem klenge schwaarzen Auto ënnerwee war, huet sech awer duerch d'Bascht gemaach, amplaz no der blesséierter Persoun ze kucken.
De Chauffeur ass ouni ze bremse weider a Richtung Bleesbréck/Gilsdref gefuer. Zeien a Leit, déi Informatiounen zu der Identitéit vum Chauffeur kënne ginn, si gebieden sech um Policebüro vun Dikrech ënnert der Nummer (+352) 244 80 1000 oder per E-Mail un police.diekrich@police.etat.lu ze mellen.