Ekonomesch AussiichtenChef-Ekonomist Yves Nosbusch rechent déi nächst Méint mat méi Normalitéit

Frank Goetz
D'Indicateure weise staark no uewen. Den Niveau vum Vertrauensindex an d'Ekonomie ass ee vun den héchsten an der Geschicht.
Ekonomesch Aussiichten
Chef-Ekonomist vu BGL BNP Paribas Yves Nosbusch rechent déi nächst Méint mat méi Normalitéit.

Fir de Chef-Ekonomist vu BGL BNP Paribas, den Yves Nosbusch, dierfte mer esouwuel op der Säit vun den Demanden, wéi och bei der Offer an den nächste Méint erëm an eng méi normal Situatioun erakommen. An och den Drock op d'Inflatioun wäert nees ofhuelen. D'Inflatioun ass an d'Luucht gaangen, Europa läit ëm déi 2%. Ganz wichteg wär awer ze kucken, wou déi Inflatioun hierkënnt an ob se temporär oder éischter permanent ass.

Trotz ville Belaaschtungen huet Europa d'Kris gutt iwwerstanen, déi ekonomesch Reprise ass däitlech spierbar an den Ausbléck ganz positiv. Fir de Chef-Ekonomist vu BGL BNP Paribas war et ganz wichteg, datt sech séier un dës speziell Krisesituatioun ugepasst gouf.

Extrait Yves Nosbusch
Trotz ville Belaaschtungen huet Europa d'Kris gutt iwwerstanen, déi ekonomesch Reprise ass däitlech spierbar an den Ausbléck ganz positiv.

Sech séier kënnen z'adaptéiere schéngt um Enn och déi Kéier de Schlëssel ze sinn, fir eng Ekonomie um Liewen ze halen. An dat wär ganz encourageant, sou den Yves Nosbusch.

Extrait Yves Nosbusch

Back to Top
CIM LOGO