
Och bei de Laangzäitchômeure konnt eng Baisse vun den Aschreiwunge festgestallt ginn. Am September hu sech 2.950 Leit nei beim Aarbechtsamt ageschriwwen, eng liicht Hausse par Rapport zum nämmlechte Mount am Joer virdrun. Dovunner 139 Flüchtlingen aus der Ukrain. Et goufen 3.633 fräi Plazen de leschte Mount bei der Adem gemellt.
D’Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg op Aarbechtssich sinn a komplett indemniséiert ginn, läit bei 6.999, eng Baisse vun 820 Leit (10,5 Prozent) iwwert ee Joer.
