Dat wéinst dem geplangten oder ugekënnegten Ofbau vu ronn 350 Aarbechtsplaze bei Husky Technologies, Dupont (elo Celanese) Teijin Films oder nach John Zink. Op der Tripartite geet et engersäits ëm d’Gestioun vun de kuerzfristegen Entwécklunge bei deenen Industriefirmen, déi Plazen ofbauen. Anerersäits gëtt et d’Industriepolitik, déi vu méi laangem Otem ass. D’Erwaardunge vun de Gewerkschaften a vu Patronatssäit un d’Tripartite, respektiv un den Aarbechts- an un de Wirtschaftsminister schéngen änlech ze sinn, mee den Däiwel stécht am Detail.
D’Gewerkschafte fuerderen, datt de Plan de maintien dans l’emploi d’Reegel gëtt. Wann héich spezialiséiert Leit haut d’Land verloossen, gëtt et schwiereg, esou Leit nees ze fannen, wann der gebraucht sinn. Dem Patrick Dury, President vum LCGB no, géing et drëm goen, z’assuréieren, datt d’Leit net an de Chômage geroden, eventuell souguer iwwert eng Cellule de reclassement.
Vun esou engem sektorielle Reklassement hält de Patrick Freichel vum OGBL awer net esou vill. A sengen Ae wier dat eng Externalisatioun vum Problem. Betriber, déi notamment wärend dem Covid vum Staat ënnerstëtzt goufen, hätten och eng Verantwortung a kéinten déi net op d’Ëffentlechkeet ofwälzen, sou de Patrick Freichel.

Leit halen, domadder ass och de Vertrieder vun der Industrie averstanen. Den Direkter vun der Fedil, de René Winkin, betount awer, datt an deem Fall Indemnitéite fir en Depart net däerfe méi interessant sinn, ewéi eng Offer, fir sech weider ze bilden.
Wat d’Ursaache-Fuerschung fir de Plazenofbau oder allgemeng d’Re- oder d’Net-Reindustrialiséierung ugeet, sou ginn et laut Patronat a Gewerkschafte verschidden Ursaachen, ewéi Problemer bei de Liwwerketten, protektionistesch Mesuren am Ausland, ewéi den Inflation reduction Act an den USA an natierlech déi héich Energiepräisser. Den Direkter vun der Fedil gesäit nach Handlungsspillraum bei den héijen Netzkäschten.
De Wirtschaftsminister Franz Fayot huet am RTL-Interview deklaréiert d’sektoriell Tripartite fir d’Industrie wier keng Krisen-Tripartite. Am Industriesecteur géing et nach bal 1.000 Betriber ginn an déi läscht Jore wieren all Joer 30 bis 50 nei Betriber dobäi komm. Et wier net ewéi wann d’Industrie kee Stellewäert hätt, mee et wier een eben an enger Transitioun. Och de Sozialist fënnt, datt wa Betriber “restrukturéieren” oder Plazen ofbauen, de Plan de maintien dans l’emploi misst u sech d’Reegel sinn.
Wat déi deier Netzkäschten ugeet, huet de Franz Fayot erkläert, datt nach Diskussioune lafen. Zesumme mam Energieminister Claude Turmes géing dru geschafft ginn. Eng Optioun ass, de Kaf vun Energie iwwer puer Joren ze strecken, eng aner wier, iwwert déi bestoend staatlech Finanzhëllefen ze fueren, déi a sengen Aen nach net ganz ausgeschöpft wieren.