StatecChômagetaux bei 5,5% am Januar 2020

RTL Lëtzebuerg
Op den 31. Januar 2020 ware 16'478 Demandeurs d'emploi bei der Adem ageschriwwen. Op 1 Joer gesinn, sinn dat 1.319 Persoune méi (+8,7%).

De Chômagetaux läit Enn Januar bei 5,5%. Am Dezember waren et nach 5,4%, et gëtt also op de Mount gekuckt eng liicht Hausse.
Op de leschte Januar ware 16'476 Residente bei der ADEM ageschriwwen. Op d'Joer gekuckt ass dat iwwerdeems eng Hausse vun 8,7%.

Wat d'Demandeurs d'emploi ugeet déi Net-Resident sinn, do ass eng Baisse vun 8,9% par Rapport zu Januar 2019 ze notéieren.
Enn Januar waren iwwregens 4'210 Leit an enger Beschäftegungsmesure.

Am éischte Mount vum Joer hunn d'Employeuren da gutt 4'400 Poste bei der ADEM deklaréiert, ronn e Véierel méi wéi am Januar zejoert.

De Statec huet déi Zuelen um Donneschdeg bekannt gemaach.

PDF: Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO