18.300 Leit betraffChômagetaux bleift bei 5,5% am Januar

RTL Lëtzebuerg
Par Rapport vum Dezember bleift de Chômagetaux am Land konstant, am Verglach mam Januar 2023 gëtt et awer een signifikant Hausse.

De Chômagetaux hei am Land läit weider bei 5,5%. Leschte Mount waren der ADEM no iwwer 18.300 Leit op der Sich no enger Aarbecht. Op e Joer gekuckt ass dat e Plus vu bal 16%. Eng Hausse, déi virun allem bei den héich qualifizéierten Demandeuren a bei de Jonken ënnert 30 Joer ze spieren ass. D’Secteuren, déi am meeschte betraff sinn, sinn ënnert anerem de Bau, de Finanz- an Immobiliësecteur, d’Industrie an d’Comptabilitéit.

Méi Leit sichen no enger Aarbecht, wéi virun engem Joer an zäitgläich si manner fräi Poste bei der ADEM gemellt. Iwwert ee Joer gekuckt, ass et e Plus vun 8,6%, wat d’Demanden ugeet, allerdéngs e Minus vun bal 30%, wat disponibel Plazen ugeet.

Back to Top
CIM LOGO