Am Verglach zum Mount virdrunChomagetaux klëmmt am Mäerz liicht op 4,9 Prozent

RTL Lëtzebuerg
Den neisten Zuele vun der Adem no waren um 31. Mäerz am Ganze 15.335 Residenten ageschriwwen, déi op der Sich no Aarbecht waren.
© RTL-Archiv

Am Verglach zum Mäerz 2022 ass dat eng Hausse vu 5,2 Prozent (756 Leit).

Am Verglach zum Februar 2023 ass et eng liicht Baisse vun 318 Persounen (-2 Prozent) - dat awer just, wann ee saisonal Variatiounen net an d’Rechnung mat ophëlt. Ginn déi berécksiichtegt, ass et nämlech eng liicht Hausse vu 4,8 op 4,9 Prozent tëscht Februar a Mäerz 2023.

© Statec

D’Zuel vun den Neiinscriptioune bei der Adem ginn iwwert ee Joer gesinn och an d’Luucht. Am Mäerz 2023 hu sech 2.526 Residenten nei ageschriwwen, eng Hausse vun 132 Persounen am Verglach zum Mäerz 2022 (+5,5 Prozent).

Iwwert ee Joer gesinn ass d’Zuel vun de Leit, déi Chômage kréien, ëm 931 Persounen op elo 8.838 geklommen - eng Hausse vun 11,8 Prozent.

Mat 3.938 fräie Posten am Mäerz 2023 waren ausserdeem 25,2 Prozent wéineger Plazen op, wéi nach am Mäerz 2022. De Mäerz 2022 wier awer och een exzeptionelle Mount gewiescht, heescht et vun der Adem. Am Verglach zum Februar 2023 (3.389) wieren tatsächlech méi Plazen ausgeschriwwe ginn.

PDF: Chômage Adem Mäerz 2023

Back to Top
CIM LOGO