
Hei ginn d'Residente gekuckt.

Am Joresverglach ass hei allerdéngs eng Hausse vu méi ewéi 20% ze notéieren.
De Chômagetaux läit am August bei 6,4%, am Juli louch deen nach bei 6,6%.
Tëscht Abrëll a Juli war d'Hausse virun allem doduerch ze erklären, datt manner Plazen ugebuede goufen. Zënter August ass et awer lo sou, datt virun allem nees méi Dossieren era kommen.
