Coaching bei der AdemChômeure bei der Aarbechtssich ënnerstëtzen

Lea Schwartz
D'Sylviane huet virun zwee Joer hir Aarbecht verluer, an hirer Situatioun ass si net eleng.
Adem-Coaching: Chômeure bei der Aarbechtssich ënnerstëtzen
D'Sylviane huet virun zwee Joer hir Aarbecht verluer, an hirer Situatioun ass si net eleng.

Ronn 15.400 Leit sinn den Ament hei zu Lëtzebuerg op der ADEM ageschriwwen. Zweemol d'Joer organiséiert d'Adem ee Coaching. Dat ass een europawäite Projet, dee vun der EURES finanzéiert gëtt.

De Coaching soll Chômeure bei der Aarbechtssich ënnerstëtzen. Vill Aarbechtsloser wëssen net méi, wéi ee sech richteg uleet. Déi eng hu vill Jore geschafft, anerer sinn nach ganz jonk an hu guer keng Erfarung.

Um Coaching kréie si nees gewisen, wéi ee sech zum Beispill presentéiert oder wéi een e Liewenslaf schreift. Beim leschte Projet hu 50% vun de Participanten nom Coaching eng Aarbecht fonnt.

De groussen Highlight vum Coaching war de sougenannte Relooking, hei konnte si sech friséieren a schminke loossen. D'Zil war et natierlech, zum Schluss eng schéi Foto fir de Liewenslaf ze maachen. No enger Aarbecht mussen si elo selwer sichen an an dräi Méint gëtt da gekuckt, ob d'Kandidaten eng Aarbecht fonnt hunn.

Back to Top
CIM LOGO