Wann déi ganz Famill fir Chrëschtdag zesummekënnt, gëtt och de Menü méi grouss. Wie senge Léifsten eppes selwer Gekachtes op den Dësch stelle wëll, huet am Virfeld vill Aarbecht. Natierlech ass dëst och vum Menü ofhängeg.
Déi eng kache fir Chrëschtdag léiwer selwer, déi aner gräifen dann op Traiteuren zeréck. An et ginn der ëmmer méi.
Op elo de spezielle Chrëschtdagsmenü oder à la Carte. Bei engem Lëtzebuerger Traiteur konnt een iwwert déi lescht 40 Joer observéieren, dass d’Iesse fir Chrëschtdag ëmmer méi vum Traiteur kënnt. Et ass zwar nëmmen eng liicht Hausse, mäd’Bestellungen huele vu Joer zu Joer zou. Mat Ausnam vun deenen zwee leschte Joer, well och d’Traiteuren d’Pandemie ze spiere kréien.