Op der Escher GemengeplazMam Zichelchen op de Chrëschtmaart

Christophe Hochard
De Chrëschtmaart zu Esch mécht um Freideg den 13. seng Dieren op. Chrëschtambiance eng 6 Woche virun de Feierdeeg.
Mam Zichelchen op den Escher Chrëschtmaart
De Chrëschtmaart zu Esch mécht um Freideg den 13. seng Dieren op. Chrëschtambiance eng 6 Woche virun de Feierdeeg.

Vum Freideg 13.November bis Mëttwochs den 23. Dezember 2026 dauert den Escher Chrëschtmaart. Virum Gemengenhaus stinn eng 20 verschidde Chaleten a Kannerspiller.

Den Entrée ass gratis.

Vu méindes bis donneschdes kann ee vu mëttes 12 bis owes 20 Auer iwwert de Chrëschtmaart spadséieren. Dat selwecht gëlt fir sonndes. Freides a samschdes ass vu mëttes 12 bis owes 22 Auer op. Reegelméisseg ginn och verschidden Animatiounen ugebueden, fir Grouss a Kleng.

Nei dëst Joer ass e klengen Zuch, deen tëscht der Brill an der Gemengeplaz duerch d'Uelzechtstrooss fiert. Et gi 4 verschidden Arrêten a Plaz am Zichelchen ass fir 45 Leit.

Parkméiglechkeete ginn et am Sous-Terrain vun der Gemeng oder am Parkhaus op der Brillplaz.

Back to Top
CIM LOGO