
Eréischt den 1. Dezember sollen d'Verhandlungen an 2. Instanz elo ofgeschloss ginn. Nodeems d'Affekote vun de Partie-civillë Marc Scheer a Jos Wilmes hir Plaidoirien ofgeschloss haten, hunn d'Verdeedeger vun den Ugekloten nach eng Kéier replikéiert.
An hire Plaidoirien haten d'Maîtren Thierry Hirsch a Max Lehnen am Detail duergeluecht, wou si Falschaussoe vun den Ugeklote gesinn. Si reprochéieren hinnen, mat hiren Aussoen dozou gefouert ze hunn, datt hir Mandanten elo schonn zanter 12 Joer drop waarde missten, dass de Bommeleeër-Prozess kéint op en Enn kommen. 2014 war de Prozess, wou si Haaptugeklote sinn, jo ënnerbrach ginn. Aus dësem Grond fuerdere si fir hir Mandante jee 600.000 Euro Schuedenersatz an dobäi jee 70.000 Euro fir d'Prozesskäschten.
D'Verdeedegung vun den Ugekloten huet dogéint argumentéiert, datt déi ëmstridden Aussoen – egal ob se richteg oder falsch waren – keng Repercussiounen op d'Verdeedegung vu Scheer a Wilmes am Prozess vun 2013 an 2014 gehat hätten.
Den Thierry Hirsch gesäit dat awer anescht: "Dat ass fir eis ganz kloer erwise mat deene Faux témoignagen, déi hei am Raum stinn. Mir hunn am Kader vun eise Plaidoirie nach eng kéier ganz kloer duergeluecht, wat fir een Afloss dat hat, och op d’Defense vu Scheer a Wilmes, well do ganz vill Elementer gewiescht wieren, déi héchstwarscheinlech dee Prozess 2014 schonn op en Enn bruecht hätten."
Fir eng Iwwerraschung huet den Affekot Georges Pierret gesuergt. Fir säi Mandant Guy Stebens huet hien eng Indémnité de procédure vun insgesamt 60.000 Euro gefuerdert: 20.000 Euro vum Staat a jee 20.000 Euro vum Jos Wilmes a vum Marc Scheer.
De Staat géif sengersäits am Prozess de symboleschen Euro fuerderen. Dobäi wier de Staat selwer respektiv de Parquet verantwortlech dofir, datt een haut iwwerhaapt nach viru Geriicht géing setzen, esou de Georges Pierret. De Parquet hätt de Prozess deemools ënnerbrach an domat d'Prozedur blockéiert, anstatt zu engem Urteel ze kommen. "A lo ass en hei a Persoun vum Philippe Penning, fir de symboleschen Euro ze froen. Fir de Staatsbudget opzepoléieren?", freet de Georges Pierret an huet domat fir Laachen am Sall gesuergt.
D'Fuerderung vum Affekot kann de de Max Lehnen trotzdeem net novollzéien. "Déi indémnité de Procedure gëtt normalerweis vun deemjéinege gefrot, deen Defendeur ass an enger Aktioun. An hei ass et esou: Deen heite Prozess ass jo net vu Scheer a Wilmes an d’Rulle bruecht ginn. Mä deen heite Prozess war schonn am Rullen, wou Scheer a Wilmes an d’Prozedur erakomm sinn”, betount hien. De Prozess wier also esou oder esou zustane komm, och ouni Scheer a Wilmes als Partie civile, argumentéiert den Affekot.
Déi dräi Ugeklote selwer, de Guy Stebens, Pierre Reuland an Armand Schockweiler, hunn en Donneschdeg den Owend dann op hiert lescht Wuert verzicht. Den 98 Joer alen Aloyse Harpes hat jo wéinst sengem héijen Alter net missen en présentiel um Prozess deelhuelen.
Wien also gehofft hat, dass um Enn vum Prozess mat de leschte Wierder nach eng nei Revelatioun kéint un d'Liicht kommen, gouf enttäuscht. Et wier alles gesot, esou de gemeinsamen Tenor vun den Ugekloten.
De Prozess geet also den 1. Dezember weider, mat de Replicke vum Philippe Penning a vum André Harpes.