
D'Police huet fir d'Zäit vun de Chrëschtmäert uechter d'Land preventiv Patrullen annoncéiert, fir domat visibel Presenz ze weisen.
Zum Beispill op de verschiddene Sitte vun de Winterlights an der Stad, grad esou wéi an den noen Alentouren dovun, wäerten d'Beamte patrulléieren. Virun allem an de Stousszäite wäert d'Police verstäerkt am Asaz sinn, net nëmmen op de Mäert, mee och am ëffentlechen Transport. An deem Kader de Rappell, dass d'Kommissariat an der Rue du Fossé an der Uewerstad zanter Mee ronderëm d'Auer besat ass.
Och op a ronderëm d'Chrëschtmäert uechter d'Land wäert d'Lëtzebuerger Police eng verstäerkt Presenz weisen an dobäi mat den Organisateuren an de jeeweilege Responsabele vun de Gemengen zesummeschaffen, fir adäquat Dispositiffen opzestellen, fir e Maximum u Sécherheet ze garantéieren.
D'Police erënnert dorun, dass grouss Eventer an Usammlunge vu Mënschen Onéierlecher unzéien, virun allem Täschendéif, a gëtt dowéinst ë.a. déi heiten Tipps: