Areler Autobunn A6 Opfaart Mamer a Richtung Belsch de Weekend gespaart

RTL Lëtzebuerg
Wéinst Schantjen um Viaduc "Mooresloch" gëtt d'Opfaart Mamer op d'A6 a Richtung Belsch vum Samschdeg 14. November géint 5 Auer bis e Sonndeg géint 5 Auer gespaart.
© P&C
Chantier Mamer

D'Ponts et Chaussées féieren d'Aarbechten am Kader vun der nächster Phas vum Ëmbau vum Viaduc duerch. Fir den Trafic esou wéineg wéi méiglech ze stéieren, goufen d'Aarbechten op de Weekend geluecht.

Automobilisten, déi op der Opfaart Mamer op d'A6 a Richtung Belsch wëlle fueren, ginn iwwer d'N6 an d'N13 bis op den Echangeur Stengefort ëmgeleet. Vun do aus kënne si nees op d'A6 fueren.

D'Schreiwes vu Ponts et Chausseés

Back to Top
CIM LOGO