Escher A4Streck tëscht Zéissenger Kräiz a Jonctioun Esch iwwert de Weekend gespaart

Kevin Kayser
Vun e Freideg géint 20 Auer bis e Méindeg um 4 Auer muss een e gréisseren Ëmwee aplangen, wann ee vun der Stad op Esch fuere wëll.
© Ponts et Chausseés

Dëse Chantier gëtt am Kader vum Réaménagement vum Echangeur Steebrécken duerchgefouert. Dofir ass d'Streck tëscht dem Zéissenger Kräiz an de Jonctioun Esch a Richtung Esch op der A4 och vun e Freideg den Owend bis e Méindeg de Moie fir den Trafic gespaart. Betraff sinn nieft der Autobunn selwer, och d'Opfaarte Leideleng Nord a Leideleng Süd esou wéi d'Opfaart um Zéissenger Kräiz, wann ee Richtung Esch wëll.

D'Deviatioun leeft iwwer d'A6 op d'Gaasperecher Kräiz a vun do aus iwwer d'A3 an d'A13 bis op Féiz, wou een nees op d'A4 kann eropfueren. Persounen, déi vu Leideleng aus op Esch wëllen, mussen als éischt nach iwwer d'A4 op d'Zéissenger Kräiz fueren a vun do aus dann d'A6, d'A3 an d'A13 huelen.

Et ass awer schonn éier d'Streck zougemaach gëtt mat gréissere Problemer am Trafic ze rechnen, well schonn virun e Freideg um 20 Auer verschidde Preparative musse getraff ginn.

D'Schreiwes vu Ponts et Chantiers

Back to Top
CIM LOGO