
Zënter 3 Joer maachen an der Abteistad zwee Adjointen de "faisant fonction".
Iwwert eng eventuell Neibesetzung vum Poste kéint eréischt decidéiert ginn, wann d ’Instruktioun vum zoustännege Commissaire op en Enn komm ass an de Conseil de discipline dann deemno wéi eng Decisioun geholl huet.
Dat äntwert den Educatiounsminister Claude Meisch dem CSV-Deputéierten a fréiere Klierfer Buergermeeschter Emile Eicher op eng parlamentaresch Fro.
Och d'Justiz hat géint den Direkter ermëttelt. Et goung ëm Drogen, illegale Waffebesëtz a Suen.