Wéineg Homiciden, ma verhältnisméisseg vill DéifställSou huelen d'Lëtzebuerger Residenten d'Kriminalitéit wouer

Cédric Ferry
De Grand-Duché ass, wat Homiciden ugeet, dat sécherst Land an der EU. Dofir ginn awer vergläichsweis vill Déifställ registréiert.
Zu Lëtzebuerg gi méi Déifställ op 100.000 Awunner gemellt, wéi an den Nopeschlänner.
© Envato LightFieldStudios

Wéi sécher ee sech a sengem Alldag spiert, huet e groussen Impakt op dat eegent Wuelbefannen. Och wien an engem séchere Land lieft, ka sech onsécher an doduerch onwuel spieren. Zuele vun Eurostat, der offizieller Statistik-Agence vun der EU, deiten drop hin, dass dat och bei de Lëtzebuerger Residenten zum Deel de Fall ass, besonnesch, wat déi eege kierperlech Sécherheet ugeet.

Aus de Statistike vun Eurostat geet nämlech ervir, dass et 2024 hei am Land grad emol 0,3 Homiciden op 100.000 Awunner gouf oder anescht ausgedréckt: Vun de ronn 672.000 Leit, déi 2024 am Grand-Duché gelieft hunn, sinn der zwee duerch en Homicide ëmkomm. Domat läit Lëtzebuerg, wat den Taux vun den Homiciden ugeet, op der leschter Plaz an der EU.

Den Taux vun den Homiciden pro 100.000 Awunner an den EU-Memberlänner.
Den Taux vun den Homiciden pro 100.000 Awunner an den EU-Memberlänner.
© Eurostat

Kuckt ee sech awer elo un, wéi staark d'Lëtzebuerger Residente Kriminalitéit a Gewalt – sief et géint Persounen oder Saachen – wouerhuelen, ergëtt sech en anert Bild, dat net onbedéngt bei dat éischt passt. 2024 ware 7,4 Prozent vun der Populatioun der Meenung, esou Doten an der Géigend, an där si wunnen, wouergeholl ze hunn. Domat läit Lëtzebuerg, wat déi wouergeholl kriminell Akten ugeet, am Mëttelfeld vun der EU. Et sief dozou gesot, dass en nidderegen Homicide-Taux net automatesch bedeit, dass et an engem Land net zu anere Gewaltdoten oder kriminellen Akte ka kommen. Wann een an der Datebank vun Eurostat nosicht, fënnt een zum Beispill raus, dass et 2024 hei am Land däitlech méi Déifställ pro 100.000 Leit registréiert goufen, wéi an eisen dräi Nopeschlänner. Wéi dacks dobäi Gewalt am Spill war, ass allerdéngs net gewosst.

D'Déifställ déi der Police gemellt goufen, pro 100.000 Awunner
D'Déifställ déi der Police gemellt goufen, pro 100.000 Awunner
© Eurostat

E Verglach mam Joer 2014 weist dann, dass den Taux vun de Leit, déi kriminell a gewaltsam Doten an hirem Ëmfeld wouerhuelen, an de leschten zéng Joer, fir déi et Donnéeë ginn, staark gefall ass, dat vu 16,8 op eben déi genannte 7,4 Prozent. Et ass allerdéngs och esou, dass d'Leit a Länner, an deenen et – op d'mannst am Bezuch op den Taux vun den Homiciden – däitlech manner sécher ass, däitlech manner Kriminalitéit an hirer Wunngéigend wouerhuelen, ewéi dat hei am Land de Fall ass. A Litauen, wou et 2024 eppes iwwer 2,5 Homiciden op 100.000 Awunner gouf, hu manner ewéi 5 Prozent vun den Awunner Kriminalitéit an der Géigend, an där si wunnen, wouergeholl.

Den Undeel vun de Leit, déi Kriminalitéit, Gewalt oder Vandalismus an der Géigend, an där si wunnen, wouerhuelen.
Den Undeel vun de Leit, déi Kriminalitéit, Gewalt oder Vandalismus an der Géigend, an där si wunnen, wouerhuelen.
© Eurostat

D'Akommessituatioun vun enger Persoun, schéngt zu Lëtzebuerg keen Afloss drop ze hunn, wéi vill Gewalt a Kriminalitéit oder Gewalt, si an hirem Wunn-Ëmfeld wouerhëlt.

D'Relatioun tëscht der Akommessituatioun an dem Wouerhuele vu Gewaltdoten an anerer Kriminalitéit.
D'Relatioun tëscht der Akommessituatioun an dem Wouerhuele vu Gewaltdoten an anerer Kriminalitéit.
© Eurostat

Dofir gëtt et beim Wouerhuelen vun esou Doten hei am Land awer e groussen Ënnerscheet tëscht Leit, déi a Stied wunnen a Leit, déi an Dierfer respektiv op ganz ländleche Plaze wunnen. Wärend ëm 3 vun de Leit, déi um Land wunnen, Kriminalitéit, Gewalt oder Vandalismus an hirem Ëmfeld wouerhuelen an et der an den Dierfer respektiv an de klenge Stied oder Viruerter eppes iwwer 5 sinn, huelen an de Stied knapps 20 Prozent vun de Leit esou Doten op der Plaz, op där si wunne wouer.

D'Relatioun tëscht der Perceptioun vu Gewalt a Kriminalitéit an dem Wunnuert.
D'Relatioun tëscht der Perceptioun vu Gewalt a Kriminalitéit an dem Wunnuert.
© Eurostat

Back to Top
CIM LOGO