
De Concernéierten huet RTL géigeniwwer d’Nouvelle vum Wort confirméiert. Hie plënnert aus der Gemeng Wanseler an d’Gemeng Klierf, wou hien net bei den nächste Gemengewale wäert kandidéieren. De Christophe Hansen steet awer fir d’Chamberwalen zur Dispositioun. Säin Numm kéint deemno op der CSV-Nord-Lëscht ze fanne sinn, sollten déi zoustänneg Parteigremien seng Kandidatur ënnerstëtzen.
Zu Wanseler wäerten et keng Komplementarwale ginn.