WolzCircuit Foil investéiert 36,5 Milliounen Euro an nei Produktiounscapacitéiten

Roy Grotz
Den neie Wirtschaftsminister huet dëst Beispill ginn, fir ze weisen, datt am ländleche Raum zu Lëtzebuerg investéiert gëtt.
© RTL (Archiv)

Circuit Foil zu Wolz investéiert 36,5 Mio Euros an nei Produktiounscapacitéiten. Dës Annonce huet de Wirtschaftsminister Franz Fayot an der Chamber gemaach. De neien LSAP-Minister huet d’Firma Circuit Foil als Beispill genannt, fir ze weisen, datt et och am ländleche Raum wéi Wolz global Technologie-Player zu Lëtzebuerg gëtt, déi konsequent an hir Installatiounen investéieren.

Circuit Foil ass nämlech de weltwäite Leader an der Produktioun vun héichwäertegen, performante Kofferfolien, déi an der Spëtzentechnologie gebraucht ginn, fir en optimiséiert Iwwerdroe vun Donnéeë oder och fir de Gebrauch an Autosbatterien. D’Entreprise zu Wolz, wou eng 300 Leit schaffen, leet e besonneschen Akzent op Recherche an Innovatioun.

Duerch deen Invest geet bis Enn 2021 bei Circuit Foil d’Produktiounscapacitéit ëm iwwer en Drëttel erop. Dat erlaabt der Firma, am neie Marché vun den Infrastrukturen, wéi Antennen, Basis-Statiounen a Capteuren, am Beräich vun der 5G-Technologie mat z’agéieren.

Déi erweidert Produktioun erlaabt et der Firma och, datt hir Produiten an de connectéierten Objeten, déi bei autonomen Autoe agesat ginn, zréckzefannen sinn.

Circuit Foil ass zanter 1961 zu Wolz an der nationaler Industriezone etabléiert. Zanter 2014 gehéiert de Betrib zum koreanesche Groupe Doosan, virdrun huet Circuit Foil ArcelorMittal gehéiert.

Back to Top
CIM LOGO