WolzCircuit Foil wëll 30 Plazen ofbauen

RTL Lëtzebuerg
Um Site am Norde vum Land gëtt an éischter Linn Koffer-Pabeier a Koffer-Bobinnen, déi fir de 5G gebraucht ginn, produzéiert.
Circuit Foil wëll 30 Plazen ofbauen
Um Site am Norde vum Land gëtt an éischter Linn Koffer-Pabeier a Koffer-Bobinnen, déi fir de 5G gebraucht ginn, produzéiert.

Bei der Firma Circuit Foil vu Wolz schaffen aktuell ronn 330 Persounen. En Dënschdeg war et d’Nouvelle, datt 30 Membere vum administrativen an technesche Staff entlooss solle ginn. Dat gouf an enger Reunioun tëscht der Personaldelegatioun an der Direktioun annoncéiert.

D’Direktioun begrënnt dat mat engem schwéieren internationalen Ëmfeld. Virun allem duerch d’Konkurrenz aus China an de Krich an der Ukrain wier de Marché ënner Drock. Bis den 19. Oktober soll d’Personaldelegatioun ee Plang virleeën, fir ze verhënneren, datt déi Betraffe vun engem Dag op deen aneren ouni Aarbecht do stinn. Bei de Gewerkschafte weist ee sech schockéiert an et fuerdert een ee Plan de maintien dans l’emploi, wéi den Alain Rolling vum OGBL ënnersträicht: “Et gëtt just eng Léisung, dat ass ee Plan de maintien dans l’emploi, eng aner Léisung gëtt et net. Well mir wëllen op jidder Fall verhënneren, datt hei 30 Leit entlooss ginn. A mir wäerten do net akzeptéieren, datt et do zum soziale Kahlschlag kënnt an datt do einfach nëmmen ee Sozialplang soll negociéiert ginn an an engem Mount Leit virun der Dier stinn, dat akzeptéiere mir net.”

Extrait Alain Rolling

Schonn am Summer wieren d’Personalvertrieder vun der Direktioun invitéiert ginn, fir ee Plan de maintien dans l’emploi auszeschaffen, ma an der Reunioun hätt d’Direktioun op eemol näischt méi dovunner wësse wëllen an op Gespréicher e puer Méint méi spéit verwisen. Kuerz duerno wier awer schonn ugefaange ginn, Leit mat engem CDD ofzebauen. Sollten déi 30 betraffe Salariéen entlooss ginn, hält ee sech gewerkschaftlech Aktiounen oppen, dat awer nëmmen an enker Ofstëmmung mam Personal vu Circuit Foil.

Och den LCGB huet sech an engem Communiqué zu Wuert gemellt a vun der Direktioun vu Circuit Foil gefuerdert, datt all Mesuren, déi zur Erhalung vun den Aarbechtsplaze bäidroen, envisagéiert ginn.

Liest hei den offizielle Communiqué vu Circuit Foil

Back to Top
CIM LOGO