
Déi Decisioun hunn de CGDIS an den Inneministère geholl. Eng Decisioun, déi awer der Beetebuerger Gemeng an och de Fräiwëllegen vum CIS Beetebuerg sauer opstéisst, wéinst dem Site, wou den Zenter hikënnt, mä och, well hir Propose fir een Terrain mol net consideréiert gi wier. Et hätt keen Dialog bestanen, ass et de Reproche.