
An dësem goufe Corona-Statistiken an e Rapport vum Educatiounsministère kritesch beliicht an hannerfrot. Op deen Artikel hu sech d'CSV-Deputéiert Hansen a Wiseler bezunn, fir dem Minister an enger parlamentarescher Fro op den Zant ze fillen.
D'Äntwert läit lo vir - a viséiert d'Aart a Weis, wéi am Artikel vun der Journalistin probéiert gi wier, Widderspréch an d'gesammelt Infektiounszuele vum Educatiounsministère eran ze interpretéieren.
Dobäi hätt d'Journalistin, dem DP-Minister no, Zuelen aus dem Kontext gerappt, falsch gedeit an déi falsch Conclusiounen draus gezunn.
De Claude Meisch bedauert, datt duerch dës "sachlech falsch an ontransparent Aart a Weis virzegoen", d'Analyse vum Ministère ëffentlech a Fro géife gestallt ginn. Doduerch géif d'Vertraue vum Léierpersonal, Elteren a Schüler an d'Aarbechte vum Ministère ënnergruewe ginn.
De Claude Meisch bedauert, datt den Artikel aus dem Wort géif méi zur Konfusioun wéi zur Opklärung vum Public bäidroen. De liberale Minister geet souguer nach weider a seet, datt et seng grouss Suerg wier, dass an der aktueller Kris géif d'Integritéit an d'Glafwierdegkeet vun ëffentleche Verwaltungen onbegrënnt a Fro gestallt ginn. An de Nopeschlänner géife Protest-Mouvementer weisen, wouhinner et féiert, wann d'Kredibilitéit vun ëffentlechen Institutioune géif ënnergruewe ginn.
De Minister Meisch ass weider der Meenung, datt keng sachlech Ausernanersetzung mam kritiséierte Rapport stattfënnt, mä datt sech amplaz op d'Auteure reegelrecht géif "ageschoss" ginn - dëst wieren awer devouéiert an neutral assermentéiert Beamten an Experten, déi just géifen hir Aarbecht maachen, dorënner wieren zum Beispill Statistiker an Data-Analysten.
