Erklärungen zu negativer Pisa-EtüdClaude Meisch: Lëtzebuerg misst sech just nach all 6 Joer teste loossen

Carine Lemmer
Den Educatiounsminister Claude Meisch huet e Mëttwoch an der parlamentarescher Kommissioun Erklärunge ginn zur negativer Pisa-Etüd.
Pisa-Etüd zu Lëtzebuerg
Den Educatiounsminister Claude Meisch huet e Mëttwoch an der parlamentarescher Kommissioun Erklärunge ginn zur negativer Pisa-Etüd.

Lëtzebuerg läit an der Pisa-Etüd op en Neits ënnert der EU-Moyenne. D'lescht Woch sinn d'Resultater virgestallt ginn, de Minister Claude Meisch war do net derbäi....et wéilt een dat Wëssenschaftlecht vum Politeschen trennen, hat et geheescht. E Mëttwoch war den Educatiounsminister awer an der parlamentarescher Kommissioun, fir den Deputéierten d'Resultater z'erklären. Et wär wichteg och politesch Conclusiounen ze zéien, sou de Claude Meisch, dofir wollt hie bei der Diskussioun an der Chamber dobäi sinn.

Lëtzebuerg hätt änlech ofgeschnidden zanter et matmécht, dofir misst een net méi all 3 Joer sech teste loossen, mä just nach all 6 Joer. Dertëschent soll een awer méi an d'Déift goen, fir méi Informatiounen ze kréien a Conclusioune kënnen ze zéien.

Déi aktuell Reforme bräichten nach Zäit fir ze gräifen a wierke kéinte se fréistens 2030, 2035, soen d'Wëssenschaftler.

Déi Schüler, déi bei Pisa elo 2018 evaluéiert ginn, sinn 2006 fir déi éischte Kéier an d'Schoul gaangen. Dat heescht also, datt déi Reformen [...] konnten hei nach net mat gemooss ginn. Mir dierfen elo och keen Aktionismus no all Pisa- oder Bildungsetüd un den Dag leeën. Mä mir brauch och Konstanz, fir datt déi Reformen, déi mer gemaach hunn, och kënne wierken.

De Claude Meisch

Dat sot och fir d'LSAP, d'Francine Closener. Leider wär et, trotz allen Efforten,  nach ëmmer esou, datt Aarbechterkanner méi schlecht Chancen an der Schoul hunn.

Et ass eng Plaz, wou déi sozial Ongläichheete vun doheem reproduzéiert ginn. Dat muss een interpelléieren a wéi gesot, et si ganz vill Efforte gemaach ginn.

D'Francine Closener

Lëtzebuerg soll also just nach all zweete Kéier bei PISA matmaachen, fënnt de Minister Claude Meisch. Déi Gréng an d'Josée Lorsché begréissen dat.

Et muss een de Schoulen emol Zäit loossen, fir déi Reforme wierken ze loossen. An da muss ee mol, wat se no 6 Joer bréngt. An net ëmmer dee Pisa-Drock do opbauen. An et muss een och wëssen, datt Pisa eigentlech den eenzegen internationale Modell ass, deen d'Länner matenee vergläicht. An ech ënnerstëtzen déi Approche, datt ee sech op Lëtzebuerg soll konzentréieren.

D'Josée Lorsché

Ganz anescht gesäit dat fir d'ADR de Fernand Kartheiser.

Ech géint soen, datt een de Walkalenner muss interpretéieren. Nom Här Minister senger Theorie géing den nächsten Test 2024 gemaach ginn, dat heescht no Oktober 2023, wann déi nächst Wale sinn. Hien hätt also net méi d'Diskussioun ëm d'Konsequenze vum Pisa-Test an dem Allgemenge Schoulsystem, wéi hien en am Moment huet.

De Fernand Kartheiser

D'CSV hëlt zur Kenntnis, datt Lëtzebuerg effektiv méi eng speziell Situatioun huet, mat 55% Kanner mat Migratiounshannergrond.

Fakt wär awer och, datt Lëtzebuerg am Verglach mat sech selwer méi schlecht gi wär. Dat dierft een net iwwersinn, seet d'CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen. Hir feelt eng konkret, systematesch Virgoensweis.

"D'Leseverständnis huet sech verschlechtert ëm 11 Punkten. dat ass, fannen ech ganz dramatesch, well egal wéi eng Kompetenzen mir am 21. Joerhonnert wëllen an de Virdergrond stellen, d'Liesen ass d'Basis fir iergendeppes ze léieren. An do musse mer dru schaffen".

D'Martine Hansen

Fir d'ADR probéiert de Minister d'Resultater schéin ze schwätzen. Datt Lëtzebuerg just nach wéilt all 6 Joer beim Pisa matmaachen, hätt och eppes mam Wal-Kalenner ze dinn, mengt de Fernand Kartheiser. Et wär eng politesch bequem Léisung.

RTL NEWS: Lëtzebuerg verléiert an neier Pisa-Etüd weider Punkten
Beispill vu PISA-Test

2. Beispill vu PISA-Test

Back to Top
CIM LOGO