No 3 Joer gouf nees eng Pisa-Etüd presentéiert. D'Resultater goufen en Dënschdeg de Moien am Educatiounsministère virgestallt a kommentéiert.

600.000 Schüler tëscht 15 a 16 Joer aus 79 Länner goufen am Liesen, an der Mathe an an den Naturwëssenschafte getest. D'OECD organiséiert dësen internationale Verglach.

Och Lëtzebuerg huet matgemaach a schneit am PISA-Test méi schlecht of wéi déi leschte Kéier. De Grand-Duché läit weiderhin ënnert der Moyenne vun den OECD-Länner a steet och manner gutt do, wéi eis dräi Nopeschlänner.

Wat gouf getest?

Dëst Joer louch de Fokus um Schreifverständnis. Beim „Liesen" ass et e minus vun 11 Punkten op 470. D'OECD-Moyenne läit hei bei 487 Punkten. Och an de Fächer Science a Mathe verléiert ee 7, respektiv 3 Punkten. D'Resultat wier alles aneres ewéi eng Iwwerraschung, erkläert den Luc Weis, Direkter vum Script.

Luc Weis: „Mir kruten hei Resultater, déi eis net weider iwwerraschen. Et sinn déi nämmlecht Resultater ewéi mer se an den leschte Cyclë kruten. Mir gesinn, datt mer liicht ënnert der Moyenne vun der OECD leien. Am Mëttelfeld vun de Länner, déi participéiert hunn. Mir gesinn awer och, datt mer hei en Daten-Schatz kréien, dee mer an den nächste Jore wäerten 'ausschöpfen', fir de Bildungssystem lues a lues unzepassen."

Hei géif et fir Lëtzebuerg manner ëm d'Resultat vun der Etüd goen, ewéi ëm d'Informatiounen iwwert de Kontext vun de Schüler.

Luc Weis: „Wou komme se hier? Wat sinn hir Aspiratiounen? Wat wëlle se am Liewen? Wéi gesi se d'Zukunft? Déi Informatioune kréie mer vu Pisa iwwert déi gesamt Bevëlkerung vu Jonken am Alter vu 15 Joer. A mir kënnen déi mat Resultater vun aneren Etüden verknëppen."

AUDIO: Pisa / Rep. Tim Morizet (3.12.19)

Et wéilt een esou lues a lues Interventiounen ausschaffen, fir de Schoulsystem besser z'adaptéieren. Ma d'Resultater vun der PISA-Etüd wieren och mat Virsiicht ze genéissen.

Luc Weis: „Wa mer haut Interventioune maachen, gesi mer d'Effekter bei Pisa warscheinlech eréischt tëscht 2020 an 2040."

Fir déi éischte Kéier goufen Tester komplett um Computer geschriwwen.

Lëtzebuerg ass dat eenzegt Land, an deem d'Tester an 3 verschiddene Sprooche proposéiert ginn. Ma dono muss de Schüler all Test an der erausgesichter Sprooch schreiwen. Wat en Nodeel wier, par Rapport zum multilingualen Unterrecht zu Lëtzebuerg. Fir besser Resultater an Zukunft hofft een, datt ee wärend dem Test bei de verschiddene Kategorien d'Sprooch ka wiesselen, wat der Lëtzebuerger Situatioun méi géing entspriechen, zum Beispill, datt d'Liesen op Däitsch ka getest ginn, Mathe a Science awer op Franséisch.

Et géif een drop hoffen, datt d'OECD op dës international Besoinen an den nächste Jore reagéiert, heescht et weider aus dem Educatiounsministère.

Lëtzebuerg huet an der Vergaangenheet schlecht ofgeschnidden

Lëtzebuerg huet an der Vergaangenheet net esou gutt bei de PISA-Tester ofgeschnidden. De Minister Claude Meisch huet annoncéiert, datt een net méi wéilt all 3 Joer matmaachen, mä just nach all 6 Joer. D'Situatioun hei am Land wär nämlech schwéier mat anere Länner ze vergläichen. Zu Lëtzebuerg ginn d'Kanner net an hirer Mammesprooch gepréift an iwwer d'Hallschent huet e Migratiounshannergrond. Zu Lëtzebuerg läit den Taux vu Schüler mat Migratiouns-Background bei bal 55%. OECD-Moyenne läit bei 13%.

D'OECD war iwwert déi Annonce awer wéineg begeeschtert. Och aner Länner hätten an hirem Bildungssystem änlech Defien.

Communiqué vun der ASTI

Doudeg Zuelen a Buchstawen…

Sou ass e Communiqué vun der ASTI um Donneschdeg de Moien iwwerschriwwen, iwwert d’Resultater vum Pisa-Test.

Et wier nach emol dat confirméiert ginn, wat déi concernéiert Acteuren aus der Schoul schonn zanter 40 Joer wéissten, nämlech dass Jonker mat engem Migratiounshannergrond, oder aus sozial mi schlecht gestaffelte Schichten, manner gutt ofschneiden.

D’ASTI bedauert, dass eise Schoulsystem der Heterogenitéit vun der Schüler-Landschaft net géif Rechnung droen.

Couragéiert Äntwerten missten hir, fir dee Problem ze léisen, schreift d’ASTI.