
Den Educatiounsminister Claude Meisch huet op d’Aussoe vun e Mëttwoch de Moie vum Christian Turk vun der Amelux als Invité vun der Redaktioun reagéiert. D’ASBL, déi sech fir eng generell Opwäertung vun den Diplomer am Handwierk asetzt, hat den Educatiounsminister kritiséiert a gesot, datt hien näischt Richteges géif an der Beruffsausbildung maachen.
D’Amelux fuerdert konkret, fir de Meeschter op Bachelorniveau ze hiewen. Den Educatiounsminister Claude Meisch betount hei, datt zënter Jore scho mat der Chambre des Metiers zesumme geschafft géing ginn, fir d’Meeschterprüfung ze revaloriséieren, zum Beispill andeems dës net méi just fir eenzel Beruffer, mee fir ganz Beruffsgruppe gëllt. D’Revendicatioun vun der Amelux gesäit de Minister dowéinst kritesch:
“Ech muss éierlech soen, ech zweiwelen éischter drun. Mir mussen awer gesinn, dass en DAP plus eng Meeschterprüfung, déi beruffsbegleedend ass, da sécherlech awer lo net equivalent ass zu enger Première plus dräi Vollzäit Jore Studium. An deem Sënn fannen ech dat do éischter déi falsch Diskussioun, mir solle kucken, dass mer Perspektiven opmaachen, fir déi, déi ënnen an d’Beruffsausbildung eraginn, dass se sech ëmmer no uewe kënne weiderentwéckelen och a Richtung vun engem Bachelor an engem Master.”
Iwwerdeems huet de Christian Turk kritiséiert, datt et kee konstruktiven Dialog mam Educatiounsminister géing ginn. De Claude Meisch selwer gesäit dës Situatioun awer bëssen anescht. Hie betount, datt d’Servicer vun der Formation professionelle permanent mat hire Partner stoe géingen, an datt de Kontakt jo scho bestoe géing. Hie betount awer och, datt et an dëser Thematik och ënnerschiddlech Stëmmen a Meenunge géinge ginn an een dës och berécksiichtege misst.