"Raisonnabel optimistesch"Claude Turmes: Kee Versuergungsproblem beim Gas

Carine Lemmer
Jeannot Ries
D'Gas-Späichere si fir de Wanter gutt gefëllt an dowéinst ass de Minister Turmes "raisonnabel optimistesch", datt ee gutt iwwert de Wanter kënnt.
De Gas-Noutfallplang gouf am Regierungsrot ugeholl
D’Gas-Späichere si fir de Wanter gutt gefëllt an dowéinst ass de Minister Turmes “raisonnabel optimistesch”, datt ee gutt iwwert de Wanter kënnt.

Gas-Noutfallplang / Reportage Carine Lemmer

Elo scho misst een awer dee Wanter dono a bis de Summer 2024 plangen. D’Regierung huet e Mëttwoch de Gas-Noutfallplang ugeholl. Privat Stéit, essentiell Servicer wéi Spideeler, Altersheemer, Prisongen an och d’Schoule si geschützt.

Am Fall vun enger Urgence huet d’Industrie sech verflicht, datt déi 50 bis 60 gréisst Betriber 15% Gas aspueren; mat der Flexibilitéit, fir ënnerteneen ze tauschen, wann deen ee manner verbraucht an en anere méi brauch.

Wann et géif enk gi mam Gas, soll d’Temperatur an den ëffentleche Gebaier a Büroen op 19 Grad erofgoen. Am Noutfall soll och d’Temperatur an de Privathaiser, déi mat Gas hëtzen, op 19 Grad erofgoen.

Och an den ëffentleche Piscinnen a Saunae géife Mesurë kommen. D’Temperatur an de Schwämme géif erofgesat ginn a Baussebecken a Saunaen zougemaach ginn.

Dat alles awer wéi gesot just am Noutfall, wann zum Beispill no Sabotage-Aktioune kee Gas méi géif aus Norwegen oder der Belsch kommen.

Jiddereen ass weider opgeruff, Gas a Stroum ze spueren, fir datt keng Noutfall-Mesurë mussen ergraff ginn.

Back to Top
CIM LOGO