Bedruch per E-MailCNS warnt viru Phishing-Campagne mam CCSS-Logo

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Gesondheetskeess CNS iwwert déi sozial Medie matdeelt, hu Krimineller iwwert de Weekend eng grouss Phishing-Campagne lancéiert.

An der Arnaque via E-Mail gëtt den CCSS-Logo mëssbraucht, fir un de Leit hir privat Donnéeën ze kommen. An der E-Mail gëtt virgetäuscht, et misst ee seng Carte de sécurité sociale erneieren. D’CNS warnt, ënnert kengen Ëmstänn op de Link ze klicken an de Formulaire op der gefälschter CCSS-Säit mat der URL “ccss-lu.com” net auszefëllen.

“D’Ekipp fir technesch Sécherheet vun der Sécurité sociale mécht Recherchen, fir d’Source vun dësem Phishing ze lokaliséieren an ze blockéieren”, heescht et vun der CNS.

Back to Top
CIM LOGO