Fir dësen Text, deen um Freideg soll gestëmmt ginn, wier dat wuel net méiglech, ma déi politesch Autoritéite misste se da bei der nächster Gesetzesännerung, déi sécher géing néideg ginn, imposéieren. Et géif een e breede Konsens fir eng Impfflicht ënnert de Wëssenschaftler an an der Gesellschaft spieren. An den Ae vum Collège médical misst et eng allgemeng, an net just eng sektoriell Impfflicht sinn. Déi Professionell aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur, déi ënnert der Pandemie leiden, sollten net op en Neits stigmatiséiert ginn. Wat déi annoncéiert Mesuren uginn, ass de Collège médical der Meenung, datt dës sech imposéiere géingen, wéinst enger urgenter Menace, datt d’Infektiounszuelen duerch d’Omikron-Variant explodéieren.
Nieft dem Collège médical schwätzt sech och de Cercle vun den Anästhesisten a Reanimateure fir eng allgemeng Impfflicht aus, iwwerdeems d’Spidolsfederatioun mat Ënnerstëtzung vun der Copas d’éischt mol eng sektoriell Impfflicht proposéiert. D’FHL ass besuergt, datt duerch déi méi ustiechend Omikron-Variant fir d’éischt d’Infektiounszuelen an dann d’Hospitalisatioune klammen an datt vill Personal duerch Quarantänen an Isolementer ausfält. D’Personal aus dem Secteur misst mam gudde Beispill virgoen, eng sektoriell Impfflicht wier en éischte Schrëtt. Fir de Philippe Welter, President vum Cercle vun den Anästhesisten a Reanimateuren, geet dat awer net duer:“Mir hunn och vill bei eis intern doriwwer geschwat, ob ee soll fir d’éischt eng sektoriell Impfflicht aféieren an dann eng generell, wou mer awer finalement net bäibehalen hunn, well dat bréngt näischt. Et bleiwen elo am Spidolswiese vläicht nach 500 Leit ze impfen. Dat mécht net vill Ënnerscheed. Mir hunn awer elo 100.000 Leit dobaussen, déi nach net geimpft sinn, dat huet vill méi e groussen Impakt. An dofir direkt eng generell Impfflicht ass definitiv déi Moossnam, déi ee muss huelen.”
Et wier een all Dag confrontéiert mat Leit, déi leiden, seet de Philippe Welter, an et géing ee gesinn, datt et jiddereen treffe kéint: “D’lescht Joer hate mer nach sou Kategorien, vun héije Bluttdrock, Diabetiker, bësse méi speckeg Leit, och eeler Leit. Mir hunn elo vun allem. Dee jéngsten, dee mer haten, hat 38 Joer, keng Virerkrankungen, bis héijen Alter mat ville Virerkrankungen. An dat ass, wat eis reagéieren deet, wat eis seet, deen do hätt sech kënnen impfe loossen, an da wier e vläicht elo net an der Reanimatioun gewiescht.”
Natierlech wier och d’Impfung keen 100-prozentege Schutz. D’Profil vun deene Leit, déi geimpft sinn a schwéier krank ginn, wier awer e ganz anert, seet de President vun der Spidolsfederatioun Philippe Turk: “Dat sinn effektiv Situatiounen, wou Leit en Immunsystem hunn, dee franchement defizitär ass. Net just Middegkeet, oder wat d’Leit ënner Immunschwächt verstinn, dat si Leit, déi sinn zum Beispill ënner Chemotherapie fir Kriibs, dat si Leit, déi kruten eng Transplantatioun vun engem Organ, déi musse permanent Immunosuppresseuren huelen oder Biotherapie fir chronesch entzündlech Krankheeten, dat si Medikamenter, déi déi Leit kréien, well et justifiéiert ass fir hiert Krankheetsbild an et ass normal, datt bei deene Leit en Impfstoff e bësse manner wierkt, wéi bei deenen aneren.”
Mëttelfristeg wier eng allgemeng Impfflicht déi eenzeg richteg Léisung, sou och den FHL-President Philippe Turk.
De President vun der Spidolsfederatioun Philippe Turk hält déi nei Mesurë global fir justifiéiert: “Déi Omikron-Variant mécht Suergen, haaptsächlech, well se fierchterlech ustiechend ass, also warscheinlech 10 Mol méi ustiechend wéi d’Delta-Variant, mat där mer déi lescht Wochen a Méint ze dinn haten. Bei de Spideeler ass et am Moment d’Situatioun stabel, mir sinn am Ufank vun der Phas 3, déi jo dekretéiert ginn ass vun der Cellule de crise. D’Zuele si stabel fir de Moment, mee d’Infektiounszuelen am Land sinn nach ëmmer héich an den OmiKron ass eréischt am Ufank vu sengem Developpement hei, sou datt mer fäerten, datt d’Infektiounszuele weider zouhuelen, also och d’Repercussioun op d’Spideeler jo ëmmer mat engem gewësse Retard vun enger Woch oder 10 Deeg, datt dat riskéiert ze kommen.”
