
Et geet ëm d'Kontrolléiere vun den Auto-Tester, déi no Hallefnuecht net méi valabel sinn, sou wéi et lo am neien Text virgesinn ass. Amplaz fir esou Kontrolle mussen duerchzeféieren, proposéiert de Collège médical a sengem Avis zum Gesetzesprojet, datt Leit, déi de CovidCheck net erfëllen, mussen en zertifiéierte Schnelltest hunn, deen 48 Stonne valabel ass.
D'Doktere proposéieren dann och, datt dës zertifiéiert Tester solle gratis kënne gemaach ginn a fannen, datt et net ze vill verlaangt ass, fir e Schnelltest duerchzeféieren, éier et nuets no Hallefnuecht nach op eng Sortie geet.
Dëst zemools an enger Zäit, wou zum Beispill an Holland d'Diskoen, d'Clibb an d'Baren nees mussen zoumaachen.
