Parlamentaresch FroComité pour la mémoire soll sech nach emol mat Spueniekämpfer befaassen

RTL Lëtzebuerg
D’Regierung huet decidéiert, fir de Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale ze saiséieren.

Dat fir sech nach emol mat der Fro ze beschäftegen, wéi d’Memoire un déi Fräiwëlleg vun den Internationale Brigade soll héich gehale ginn.

Dat schreift de Premier Xavier Bettel a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun den LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo an Dan Biancalana.

De Comité kënnt den 10. Februar an den 2. Mäerz zesummen. D'Frënn vun den Internationale Brigaden hate gefuerdert, datt eng Gedenktafel fir d'Spueniekämpfer bei der Gëlle Fra soll installéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO