
Wéinst engem Formfeeler huet d'ëffentlech Enquête nach emol misste widderholl ginn, sou datt nach keng Commodo-Decisioun konnt geholl ginn.
De Projet vum Wandrad gëtt vun der privater Gesellschaft "Wandpark Nordenergie" gedroen, an där SOLER, Nordenergie an d'Gemengen Ettelbréck an Dikrech Aktionäre sinn.
Nieft der Commodo-Decisioun, déi nach aussteet, ass och d'Naturschutz-Autorisatioun nach an der Prozedur. Wéi et vun der Ëmweltministesch Dieschbourg heescht, géifen nach Elementer feelen, fir eng Geneemegung kënnen ze ginn.
Och d'Decisiounen wat de Bau vun der Wandturbinn an d'Exploitatioun heivunner uginn, sou wéi se am Commodo-Gesetz virgesi sinn, si bis ewell nach net geholl ginn.
Duerfir kann d'Ministesch och aktuell keng Aussoen driwwer maachen, wéini, wann iwwerhaapt, ka mam Bau vum Wandrad ugefaangen ginn, och wier de Staat jo net de Bauhär an dësem Projet.
All dës Donnéeë liwwert d'Carole Dieschbourg op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum DP-Nord-Deputéierten André Bauler.